home movies guestbook impressum
movie

Den Änder Bausch ass gestuerwen

Streaming

De Lakerte Blues
Den 28. Juli huet den Änder Bausch sech strummschiebes gemaach. Weider liesen an den NEWS vum 06 08 2016 w.e.g.

Date :
08.08.2016

Chrëschtdagstëmmung an der Stad

Streaming

Merry christmas and a happy new year greetings vum Sang a Klang Pafendall.

Date :
07.01.2014

Erënnerungen un de Fernand Théato

36 MB

Temoignagen vun senge Frënn aus dem Sang a Klang Pafendall an der Chorale Sainte Cecile Pafendall. E grousse Merci geet un den Jender Stammet fir seng Hëllef bei den Interviewen.

Date :
29.07.2013

Société Chorale Grand-Ducale Dommeldange

Streaming

Traditionelle Fréijorsconcert vun der Société Chorale Grand-Ducale Dommeldange.
D`Société Chorale Grand-Ducale Dommeldange séngt d`Lidd `Du passt so gut zu mir`.
Direktioun: Jean Gehlen
Piano : Patrick Colombo
Presentatioun: Liliane Theisen.
Musek: Nikolaus Brodsky
Texte: Fritz Rotter
Arrangement: Erich Unterholzner.
Um Bild op Play an duerno op YouTube klicken.

Date :
06.06.2013

Wéi d´Zäit vergeet

78 MB

Véier stack Weimeschkiercher Awunner erziele vu Fréier. D`Biller goufen am Dezember 2004 opgeholl.
Voix off : Simone Medernach.

Date :
11.03.2013

Wéi d´Zäit vergeet

Streaming

Véier stack Weimeschkiercher Awunner erziele vu Fréier. D`Biller goufen am Dezember 2004 opgeholl.
Voix off : Simone Medernach.

Date :
10.03.2013

Krëschtconcert vum Sang a Klang Pafendall op der Plëss.

Streaming

Sang a Klang Pafendall - Der Christbaum ist der schönste Baum.

Date :
25.12.2012

Krëschtconcert vum Sang a Klang Pafendall op der Plëss

42 MB

Sang a Klang Pafendall - Der Christbaum ist der schönste Baum.

Date :
25.12.2012

Journée de la Commémoration Nationale

1 MB

PDF Fichier mat Photoën vun der lëschter Journée de la Commémoration Nationale aus der Aler Gemeng Eech.

Date :
22.10.2012

Fernand Théato

29 MB

An der Sechswochemass fir de Fernand Théato sangen den Cäcilie-Veräin an de Sang a Klang Pafendall de Chant des adieux. Op der Uergel spillt de Patrick Colombo.

Date :
11.08.2012

Fernand Théato

28 MB

An der Sechswochemass fir de Fernand Théato sangen den Cäcilie-Veräin an de Sang a Klang Pafendall de Chant des adieux. Op der Uergel spillt de Patrick Colombo.

Date :
11.08.2012

Ouverture du Musée Dräi Eechelen

Streaming

Den Änder Bausch spillt Mondmusek.

Date :
27.07.2012

Fête de la Musique et de la rencontre interculturelle de l`Ancienne Commune d`Eich.

Streaming

Le `Grupo Folclórico Mocidade Portuguesa do Luxemburgo` nous présente une danse traditionnelle portugaise.

Date :
26.07.2012

Concert am Bambësch

Streaming

Rondrëm déi zweet Editioun vun der Vullenhochzäit am Bambësch. Erklärungen mam Marc Meyers, Direkter vum Stater Conservatoire a Fernand Molitor, Chef vum Service du Patrimoine naturel vun der Stad Lëtzebuerg.

Date :
11.06.2012

Jéineschen Owend am Pafendall

36 MB

Voix off : Simone Medernach.
De Jéineschen Owend gouf organiséiert vum Intresseveräin Pafendall.

Date :
29.01.2012

Jéineschen Owend am Pafendall

75 MB

Voix off : Simone Medernach.
De Jéineschen Owend gouf organiséiert vum Intresseveräin Pafendall.

Date :
28.01.2012

Chrëschtdag

20 MB

A ville Familljen ass et Traditioun fir doheem fir Chrëschtdag eng Krëppchen opzeriichten. Wéi sou eng Krëppchen, mat Figuren déi meeschtendeels aus der Zäit tëschend deenen 2 Weltkricher stamen, fréier ausgesinn huet, gesitt der an dësem Video.

Date :
22.12.2011

Chrëschtdag

8 MB

A ville Familljen ass et Traditioun fir doheem fir Chrëschtdag eng Krëppchen opzeriichten. Wéi sou eng Krëppchen, mat Figuren déi meeschtendeels aus der Zäit tëschend deenen 2 Weltkricher stamen, fréier ausgesinn huet, gesitt der an dësem Video.

Date :
22.12.2011

Jéineschen Owend am Dall

7 MB

Um jéineschen Owend am Pafendall vum leschte Samschden konnt aus organisatoresche Grënn de leschte Video vum Änder Bausch nëtt méi gewise ginn. De Video `Dräi Eechelen` ukucken (I POD Movie).

Date :
28.11.2011

Jéineschen Owend am Dall

13 MB

Um jéineschen Owend am Pafendall vum leschte Samschden konnt aus organisatoresche Grënn de leschte Video vum Änder Bausch nëtt méi gewise ginn. De Video `Dräi Eechelen` ukucken (WMV).

Date :
28.11.2011

Jéineschen Owend am Pafendall

1 MB

No Weimeschkierch elo e jéineschen Owend am Pafendall (i Pod Movie).

Date :
09.10.2011

Jéineschen Owend am Pafendall

13 MB

No Weimeschkierch elo e jéineschen Owend am Pafendall (WM video).

Date :
09.10.2011

De Schmatt

41 MB

... de Schmatt, dee bréngt säi Meedche matt...
De Cyberpiper Pit Vinandy an den Dilo Lompazius alias Oliver Kayser hunn dësst bekannte Vollekslidd bei Geleënheet vun engem Life Concert gesongen deen si zu Esch am Ciné Ariston am Kader vun der virtueller Welt ` Second Life` ginn hunn.

Date :
29.07.2011

De Schmatt

31 MB

... de Schmatt, dee bréngt säi Meedche matt...
De Cyberpiper Pit Vinandy an den Dilo Lompazius alias Oliver Kayser hunn dësst bekannte Vollekslidd bei Geleënheet vun engem Life Concert gesongen deen si zu Esch am Ciné Ariston am Kader vun der virtueller Welt ` Second Life` ginn hunn.

Date :
29.07.2011

D`Zäit

6 MB

An dësem Gedicht befaasst sech den Änder Bausch mat der Zäit. Den Texte ass an der leschter Editioun vun der Quartiers Zeitung d`Niouz publizéiert ginn.

Date :
20.06.2011

DVD Jéineschen Owend zu Weimeschkierch

36 KB

Dir Buggeren, Hautzen, Mossen an Dällercher ... :
Een DVD iwwert d`Jéinescht an déi Al Gemeng Eech kafen. (PDF file)

Date :
19.05.2011

Le groupe SABAJA

29 MB

2e édition de la Fête de la Musique et de la Rencontre Interculturelle des quartiers de l`ancienne commune d`Eich : le groupe SABAJA a su fasciner le public. (Re)plongez-vous en cette fin d`année dans l`ambiance de la 2e Fête de la Musique et de la Rencontre Interculturelle des quartiers de l`ancienne commune d`Eich. Regardez un clip musical du groupe Sabaja.
plus d`infos sur
http://travaildequartier.blogspot.com/2010/06/fete-de-la-musique-et-de-la-rencontre_19.html

Date :
27.12.2010

Le groupe SABAJA

16 MB

2e édition de la Fête de la Musique et de la Rencontre Interculturelle des quartiers de l`ancienne commune d`Eich : le groupe SABAJA a su fasciner le public. I POD MOVIE.

Date :
27.12.2010

Nationale Commemoratiounsdag

11 MB

Och dëst Joer huet d’Entente des Sociétés aus der Aaler Gemeng Eech sech nees ëm d`Organisatioun vum Nationale Commemoratiounsdag gekëmmert. Een Diaporama vun de Festivitéiten virum Monument aux morts zu Weimeschkierch ass online.

Date :
06.10.2010

Sang a Klang Pafendall

1 MB

Concert vum Sang a Klang Pafendall an der Fondation Pescatore. E puer Informatiounen iwwert de Concert vum Sang a Klang Pafendall an der Fondation Pescatore fant der an dësem PDF Fichier. Héi klicken.

Date :
05.07.2010

Sang a Klang Pafendall

18 MB

Concert vum Sang a Klang Pafendall an der Fondation Pescatore. E Video mat engem Lidd vum Concert.

Date :
05.07.2010

Un gospel plein d’émotions et de rythmes

39 MB

27e Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté.
Le Groupe « La Voix des Anges » de Weimerskirch a participé au festival. Il nous a fait découvrir « un gospel plein d’émotions et de rythmes ».
Un grand merci à Claude Schockmel et à
« Lutejang » de la firme Schockmel pour le son et l’éclairage.

Date :
03.04.2010

Eng Stëmm fir d’Strooss

21 MB

Kierzlech hat de Groupe D’Lompekréimer op e Benefissconcert” an den Exit CarréRotondes invitéiert. Bei dëser Geleeënheet hunn si hiren néie CD “Eng Stëmm fir d’Strooss” virgestallt.

Date :
25.03.2010

Jéinesch Musek

2 MB

Benefissconcert vun de Lompekréimer am « Exit Carré Rotondes » den 3. Februar 2010. Ufank um 19.Auer 30. Fräien Entrée. Eng CD mat Lidder vun de Lompekréimer ass vu muer un am Handel. Den Erléis ass fir d’Stëmm vun der Strooss.
Méi Informatiounen op www.myspace.com/lompekremer, www.stemmvunderstrooss.com, www.rotondes.lu.

Date :
31.01.2010

Jéinesch - Lakerte Kiermes

21 MB

Den Änder Bausch beschreift wéi Fréier den Dag op enger Kiermes zu Weimeschkierch mol gäre verlaf ass.
Jéinesch Wieder déi gebraucht ginn :
Bankerten (Kanner), Beies (Haus), beschaskelt (bedronk), Bloen (Schnaps), Bossert (Fleesch), Böttercher (Eeër), Bréimer (Kaploun), Butzert (Polizist), Delleri (Hutt), Doberech (Tubak), Gefenkelten (Branntewäin), Gehecheltes (Kuch), Glänzert (Brëll), Héijel (Geck), Hötzerleck (Uewen), Kitten (Suen), Klemmes (Prisong), Kniffo (Messer), kuffen (schloen), Lack (Schnaps), Lakerten (Lompekréimer), Lötzel (Harmonika), Nisch (Schnaps), Oldmöschel (alen Mann), Plättercher (Spillkaarten), Plömpert (Humpen), Quinn (Hond), Schécks (Meedchen), Schikänki (Danz), Schnorri (Schnaps), Schwäch (Bistro), strummen (mat goen), Teckert (Auer), Wammes (Bauch), Zankert (Gendaarm).

Date :
30.12.2009

Eng Schoettermarjal w.e.g.

33 B

Vun 1875 bis Enn vun de 60 Joren vum leschte Johrhonnert ass Weimeschkiirch an der Distillerie Nic Galles-Fromes d’Schoettermarjal produzéiert gin.
Bei der S.M handelt et sech ëmt eng Imitatioun vun engem Magen-Bitter deen d’Patere vun Orval fréier gemaach hun, an deen, an deem deemolege Lëtzebuerg, ënnert „Eau d’Orval“ bekannt wor. D’Virlag vum Rezept staamt vun engem berühmten Dokter aus dem 18. Johrhonnert, dem Père Antoine Perrin de Valensart.
Voix off: Simone Medernach.

Date :
02.09.2009

Fête de la Musique 2009

31 MB

Am Kader vun der Fête de la Musique 2009 wor och dëst Joer neess e Concert am Bambësch. Nei wor datt niewent dem Luxembourg Brass Ensemble och den Ensemble de Trompettes Baroques aus dem Stater Conservatoire gespillt huet. Dësen Ensemble spillt Musek aus dem Barok op nogebauten Instrumenter (trompettes naturelles) sou wéi se an där Zäit benotzt gi sinn.

Den Ensemble huet sech aus folgende Museker zesumme gesat: Laurent Bauvin, Sebastian Geis, Pierre Kremer, Pavel Nakhimovich, Adrien Papritz a Georges Soyka.

Date :
27.08.2009

Jéinesch

23 MB

Beim Strauwejitzert

An dësem Gedicht beschreift den Änder Bausch, op séng scho bekannte Manéier, wéi et freier zu Weimeschkiirch beim Strauwejitzert (Coiffeur) wor. D’Neiegkeeten aus dem Duerf ass een do gewuer gin, an um Heemwee ass nach eng Halte an der Schwäch (Bistro) gemaach gin, wou da beim Plëmpert (Béier) weider gedibbert (diskutéiert) gin ass.
Aner jéinesch Wierder déi am Gedicht gebraucht ginn: Gampessen (Kanner), Buggeren (grouss Jongen), Kibbes (Kap), Plauten (wéineg Hoer), Scheiwerleken (Oueren), Oldmöchel (aalen Mann), Hautz (Pap, Mann), Scheek (Nues), Kaffert (Bauer), Möschelen (Uebst) , Schéiwel (Kuerf) , Nisch (Schnaps), Lack (Branntwein) , Kitten (Suen) , Kober (Wiert) , Moss (Fra) , Pleite scheiwen (sech aus dem Stëbs maachen) , Lösch (Lanter) , Bolt (Bett).
D’Gedicht Beim Strauwejitzert kann een an der Nummer 9 (Abrëll 2009) vun der d’Niouz noliesen (http://travaildequartier.blogspot.com/2009/04/journal-de-quartier-dniouz-n9.html).
D’Niouz ass eng Quartierszeitung déi all Trimester an der Aaler Gemeng Eech eraus kënnt.
D’Opnamen am Coiffeurssalon sinn am Coiffeurssalon Straubejitzer Romain (Eech) an am Coiffeurssalon Pierrot Wagner (Rollengergronn) gemaach ginn.

Date :
10.07.2009

Le sanatorium du Baumbusch

19 MB

À l’endroit où se trouve aujourd’hui l’aire de jeux du Baumbusch, l’Assurance vieillesse et invalidité faisait construire un sanatorium pour hommes.
Les malades atteints de la tuberculose pouvaient y être soignés.
L’ouverture du sanatorium eut lieu le 6 avril 1919.

Dans une lettre à la rédaction publiée dans le Tageblatt du 29 novembre 1922, on peut lire que des mamans originaires de Muhlenbach, expriment leur inquiétude sur les risques de contamination de la tuberculose.

Freie Tribüne.
(Ohne Verantwortung der Redaktion)
Mühlenbach, den 26. Nov. 1922.
Wir haben eben den interessanten Artikel „Lungentuberkulose bei Kindern“ in ihrer heutigen Nummer gelesen, worin sie die große Ansteckungsgefahr hervorheben. Nun dürfte man meinen, alle Lehrpersonen täten ihr Möglichstes um die Ansteckung zu verhüten und jede Gelegenheit vermeiden, um mit Tuberkulosen, wenn
dies nicht absolut notwendig ist, zusammen zu kommen.Unsere Lehrerin aber geht fast täglich ins Sanatorium des Baumbusch, desselben verbieten. Wir Mütter sind deshalb in Sorgen für unsere Schulkinder und bitten die Schulbehörde bei der betreffenden Lehrerin dahin zu wirken, dass sie dies nicht mehr tue um jede unnötige Ansteckungsgefahr von unsern Kindern fern zu halten. Zum voraus unsern besten Dank.
Mehrere Mütter.
Luxemburger Tageblatt, La Gazette de Luxembourg (Nummer 279 vom 29. November 1922).
Numérisé par la Bibliothèque nationale de Luxembourg, www.eluxemburgensia.lu

Date :
17.05.2009

L`ancienne commune d`Eich

23 MB

Parallèlement à la création du Département des Forêts en 1795 sont nées presque toutes les communes luxembourgeoises actuelles. À la suite d’une expertise cadastrale réalisée en 1822, le territoire de la commune d’Eich fut divisé en 6 sections. Eich fut une commune indépendante jusqu’en 1920.

Date :
30.12.2008

Vum Lompenhandel zum Recycling Center (5)

26 MB

D’Gesellschaft Nouveaux Etablissements Liébaert.

Date :
15.11.2008

Vum Lompenhandel zum Recycling Center (4)

4 MB

Geschir mat méi engem schéinen Design hun d’Lakerten zu Mettlach akaft.

Date :
14.11.2008

Vum Lompenhandel zum Recycling Center (3)

15 MB

De Pierre Liébaert erzielt vun der Fläpp a vum Bolli.

Date :
12.11.2008

Vum Lompenhandel zum Recycling Center (2)

10 MB

D`Marie Liébaert-Snobeck ass mat hirem Mann op den Handel gefuer.

Date :
08.11.2008

Vum Lompenhandel zum Recycling Center (1)

31 MB

De Pierre Liébaert a séng Fra d’Marie Liébaert-Snobeck erzielen aus dem Liewen vum Lompekréimer. De Pierre Liébaert, Joergang 1940 stamt aus enger stack Pafendaller Lompekréimerfamiljen an ass vu Kandheet un mat séngen Elteren op Lompe gefuer. Hier Kanner d’Karin a Claude Liébaert leden haut d’Gesellschaft Nouveaux Etablissements Liébaert um Senningerbierg.

Date :
03.11.2008

200. Anniversaire vun der Confrérie St Fiacre

13 MB

D’Millebaach a séng Gäertner.
E Réckbléck mam Historiker Guy Pauly.

Date :
21.09.2008

200. Anniversaire vun der Confrérie St Fiacre

60 MB

De Mich Neuser erzielt iwwer d’Liewen an d’Aarbecht vun der Gärtnerfamill.

Date :
19.09.2008

Fête de la Musique 2008

59 MB

Am Kader vun der Fête de la Musique 2008 hat d’Stad Lëtzebuerg op e Concert am Bambësch invitéiert. Gespillt huet de Luxembourg Brass Ensemble.
Voix-off : Simone Medernach.

Date :
13.09.2008

Jéinesch

36 MB

E puer Ferventen vum Weimeschkiircher Jéinesch schwätzen iwwer déi Sprooch mat där Weimeschkiirch identifizéiert gëtt.
Voix-off : Simone Medernach.

Date :
12.09.2008

Eecher Schmelz

12 MB

À propos Eecher Schmelz.
Wéi mir an onsem Documentaire iwwert d’Eecher Schmelz gewisen hunn, sinn um Complexe vun der Eecher Schmelz och Lokomotiven zesummenmontéiert ginn. Den Jean Seuré ass op sou enger Lokomotiv gefuer.

Date :
20.08.2008

De leschten Tram

58 MB

E Film vum Camille Pelles
Ugefaang hat et 1875 mam Päerdstram.
1908 gouf den elektrischen Tram agefouert a vu 1926 un, koumen déi éicht Bussen zum Asatz. D’Busnetz gouf no an no ausgebaut an huet dem Tram ëmmer méi Konkurrenz gemaach.
1964 gouf déi lescht Tramslin, d`Lin Walfer-Beggen-Eech-Stad, zou gemaach.
De Camille Pelles, e passionéierte Cinéaste aus der Millebaach, huet dësen historesche Moment, mat sénger Kamera festgehal (5 Minutten).

Date :
18.05.2008

Jéinesch

Streaming

Am Gedicht `Een Dag um Lakertenhandel` beschreift den Änder Bausch den Alldag vun engem Lompekréimer. Hie gebraucht heibäi d`Jéinesch also déi Sprooch déi d`Lompekréimer oder d`Lakerten wéi se och nach genannt goufen, geschwat hunn.
Den Änder Bausch gehéiert ouni Zweiwel zu deene puer Lëtzebuerger, déi dës Sprooch nach schwëtzen kënnen. Hien huet vu Kandheet un zu Weimeschkiirch gelieft, also an där Uertschaft vum Land, wou vill Lompekréimer doheem waren (4 Minutten).

Date :
09.04.2008

D`Eimaischen 2008

15 MB

D`Péckvillercher päiffen am Schnéi (2 Minutten).
An der Nuecht vum Ouschtersonnden op Ouschterméinden hat ët ugefang mat schnéien sou datt mat Momenter eng Krëschtdag`s Stëmmung opkomm as.

Date :
24.03.2008

D`Eimaischen

45 B

Den nächsten Ouschterméinden gët déi 181. Editioun vun der Éimaischen ofgehalen.
Ët as eng stack lëtzebuerger Traditioun fir Ouschterméindes op d’Éimaischen ze goen. Charakteristisch fir dësen Aulebäcker Maart um Fëschmaart an der Aalstad sin d’Péckvillercher, déi do vekaft gin.
D’Opnahmen sin aus dem Joër 2004. Fir de musikaleschen Encadrement huet deemols d’Compagnie Musicale Luxembourg Troaterbattien gesuecht. D’Photoen am Film sin aus den Archiven vun der Amicale Fëschmaarter. Dauer vum Film : 5 Minutten.
Informatiounen iwert den Ursprung vun dëser Traditioun kann een an „En Tour iwwer d’Éimaischen“ vum Alain Atten noliesen. Dësen Artikel gouf 1986 an der Nr 23 vum Périodique Ons Stad publizéiert (Editeur : Administration Communale de la Ville de Luxembourg).

Date :
23.03.2008

Krëschtconcert vum Sang a Klang Paffendall

42 MB

De Sang a Klang Paffendall huet op säin traditionellen Krëschtconcert op d`Plëss an d`Stad invitéiert (véier Minutten).

Date :
24.12.2007

Weimeschkiircher Kiirchegesang

65 MB

Bei dësem Film vun 8 Minutten handelt ët sech ëm`t eng Retrospektiv vum Weimeschkiircher Kiirchegesang. D’Explicatiounen si vum Här Aloyse Colombo, Dirigent vun der Chorale Sainte-Cécile Weimeschkiirch. D’Biller sin aus dem Joer 2005.

Date :
15.12.2007

Un peu d`histoire industrielle

10 MB

À l`endroit de la côte d`Eich où se dresse aujourd’hui la résidence Dargent,
se trouvait la brasserie d`Eich qui y a produit de la bière pendant presqu`un siècle
(2 minutes).
Pour des informations supplémentaires sur la Brasserie d’Eich, veuillez consulter le site Internet www.industrie.lu ou lire l’article de Monsieur Joseph Sinner « Die Brasserie d’Eich » paru dans la brochure Weimeschkiirch 90 éditée par les Œuvres paroissiales Weimerskirch.

Date :
08.12.2007

Exposition Georges Laures

22 MB

Exposition de l’Artiste peintre Georges Laures du 2 au 9 décembre 2007 à Muhlenbach.
3 minutes
www.laures.lu

Date :
30.11.2007

D`Eecher Schmelz

39 MB

Dësen Dokumentaire vun 8 Minutten retracéiert den Historique vun der Eecher Schmelz. Den 1. August 1845 huet d’Gesellschaft Auguste Metz et Cie eng Autorisatioun ugefrot, fir un der Baach vun der Millebaach een éichten Héichuewen ze bauen. Deen éichten Héichuewen wor kaum am Betrieb, du gouf eng Autorisatioun ugefrot fir een zweeten an een drëtten Héichuewen opzeriichten. Déi dräi Héichiewen hu bis zu 16 Tonne Gosseisen pro Dag produzéiert. Zum Complexe vun der Eecher Schmelz huet ower och eng Géisserei sou wéi ee Konstruktiouns Atelier gehéiert.

Date :
31.10.2007

Nationalen Commémoratiouns Dag

48 MB

Nationalen Commémoratiouns Dag

Am Mount Oktober gët duerch d’ganz Land un d’Affer vum 2. Weltkrich geduecht. An der Aaler Gemeng Eech as ët d’Entente des Sociétés aus der Aaler Gemeng Eech déi sech ëm d’Organisatioun vum Nationalen Commémoratiouns Dag këmmert. Am Film deen am ganzen 5 Minutten dauert, kommen Zäit Zeien mat zum Deel ganz émouvanten Témoignagen zu Wuert. D’Biller sinn aus dem Joer 2006. Bei der Realisatioun vun dësem Reportage hun de Christian Jung an den Eugène Pellé matgehollef. Ech soen hinnen villmols Merci.

Date :
28.10.2007

E Portrait vum Michel Engels

20 MB

De Michel Engels gouf den 8. Juli 1851 am Rollengergronn gebuer. Hien huet an der `Académie des Beaux Arts` zu München studéiert. Hie gouf Zeecheprofesser an war e Mattbegrënner vum CAL, Cercle artistique de Luxembourg. Hien ass virun allem bekannt fir seng exakt Bläistëft- a Fiederzeechnungen. Den 2. November 1901 ass hie gestuerwen.
Wierker
1887 Bilder aus der ehemaligen Bundesbefestigung Luxemburg, 1969 nei erausginn vum Kutter ënner dem Titel `dessins pittoresques de Luxembourg“.
1889 20 esquisses du Luxembourg, Editions J. Heintze, nei erausgi vum Comité Alstad 1989, 1990, 1991.
1893 La Procession solennelle de Luxembourg, Edition Michel Engels.
1901 Le Luxembourg pittoresque,Edition Michel Engels, 1973 nei erausgi vum Kutter.
www.wikipedia.lu

Date :
20.10.2007

© copyright lides